5 Froen un: D’Francine Closener vun der LSAPLokal Doktesch-Praxissen an eng Gemengen-Infirmerie

RTL Lëtzebuerg
D'Co-Partei-Präsidentin vun der LSAP Francine Closener war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".
5 Froen un: D’Francine Closener vun der LSAP
Lokal Doktesch-Praxissen an eng Gemengen-Infirmerie

Bei de Gemengewalen 2017 war d’LSAP eng vun de Verléierer-Parteien, vill Buergermeeschterposte si verluer gaangen. Fir d’Walen elo am Juni hätt ee besonnesch mat de lokale Sektioune geschafft, fir fréi d’Lëschten opzestellen an och méi Fraen a Jonker mat an d’Walen ze huelen.

Theme fir d’Gemengewalen

D’LSAP wëll d’Medezin nees méi no bei d’Leiit bréngen a fuerdert dofir méi lokal Doktesch-Praxissen an och eng Gemengen-Infirmerie.

“Mir wëlle jo och an der Schoul, dass do eng Task-Force hikënnt, déi d’Enseignanten entlaascht, an zwar um Terrain, wou dann och ee Psycholog, eng Enseignante, eng Infirmière, eng Educatrice oder Educateur do ass, fir d’Leit ze entlaaschten an op der anerer Säit awer och direkt disponibel ze sinn. Dat muss alles aneneen gräifen, dat sinn Accenten, déi d’Gemenge kënne setzen an déi se an eisen Aen och solle setzen.”

Stad Lëtzebuerg an Esch am Fokus

D’Walresultat 2017 zu Esch wier ee grousse Verloscht fir d’Partei gewiescht. Déi jonk Ekipp ronderëm de Spëtzekandidat Steve Faltz géif och fir eng nei Dynamik bannent der LSAP stoen, esou d’Francine Closener. D’Gemeng Lëtzebuerg wier och eng grouss Erausfuerderung fir d’LSAP. D’Thema Sécherheet géif ee ganz eescht huelen, esou d’Francine Closener. D’Propos vun enger Gemengepolice, wéi d’CSV se fuerdert, géif sech gutt unhéieren, ma déi Aufgaben, déi d’Police haut mécht, misst och eng Gemengepolice maachen. Fir d’LSAP-Politikerin wier dat kee groussen Ënnerscheed.

Weider Walemissiounen op RTL

Um Dënschdegmoien ass kuerz no 8 Auer en éischte Face-à-Face um Radio, tëscht DP an déi Gréng, dem Patrick Goldschmidt an dem François Benoy aus der Stad.

Den nächsten “Fënnef Froen un” ass dëse Freiden. Invité ass d’DP-Generalsekretärin Carole Hartmann.

Back to Top
CIM LOGO