CGDIS melltZwee Blesséierter bei dräi Accidenter

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS hat en Donneschdeg ënner anerem Asätz wéinst engem méigleche Bëschbrand an zwee Accidenter mat Blesséierten.
© Laurent Weber

Géint 11:50 Auer en Donneschdeg gouf op der N27 beim Riesenhaff a Richtung Ueschdref gemellt, datt Damp aus engem Bësch géif kommen. Eng sëllegen Asazzenter goufen op d'Plaz geschéckt, blesséiert gouf awer keen.

Zu Garnech um CR101 a Richtung Holzem ass et um 12:35 Auer zu engem Accident mat engem Moto komm. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert.

En zweeten Asaz am Zesummenhang mat engem Motorradsaccident gouf et um 14:05 Auer an der Côte d'Eich an der Stad. Do gouf zwar eng Ambulanz an d'Pompjeeë mobiliséiert, Blesséierter goufen awer keng gemellt.

Um 14:17 Auer koum et um Boulevard F. W. Raiffeisen um Ban de Gasperich zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO