Nächst Indextranche am 3. Trimester 2027Relativ Rou am Noen Osten an Tripartite bremsen d'Inflatioun

François Aulner
D'Inflatioun zu Lëtzebuerg entwéckelt sech méi schwaach ewéi erwaart, esou datt de Statec seng Previsiounen no ënne korrigéiert an déi nächst Indextranche weider réischt am 3. Trimester 2027 erwaart.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Präisser sinn an den éischte siwe Méint vum Joer manner staark geklommen ewéi am Fréijoer nach erwaart, esou de Statec en Donneschdeg. Den nationale Statistik-Institut huet seng Previsiounen och e gutt Stéck no ënne korrigéiert.

D'Erklärungen dofir si relativ einfach.

De Konflikt am Noen Osten huet sech am Juni berouegt. D'Pëtrolspräisser sinn op den internationale Finanzmäert op engem däitlech méi niddregen Niveau ewéi tëscht Mäerz a Juni ewéi d'Mieresstrooss vun Hormus wéinst der US-israeelescher Campagne géint den Iran gespaart war. De Brent kascht haut ronn 80 US Dollar de Barrel. Den Héichpunkt war am Mee bei iwwer 110 Dollar.

Déi zweet Erklärung fir de Recul vun der Inflatioun ass den Tripartite-Accord ugangs Juni: d'Regierung an d'Sozialpartner ware sech iwwert eng Rei Mesuren eens ginn, fir d'Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen – Mesuren, déi direkt am Juli an elo den 1. August a Kraaft getruede sinn.

War de Statec virun dräi Méint nach vun 2,5% Inflatioun fir dëst Joer ausgaangen, esou rechent en elo mat just 1,8%.

Fir d'nächst Joer gesäit de Statec allerdéngs méi Inflatioun viraus ewéi a senge Previsiounen am Mee, an zwar well d'Hausse vun den Energiepräisser hiren Néierschlag op verschidde Produiten eréischt méi spéit wäert hunn, notamment bei de Liewensmëttel. Da spillen d'US Douanestariffer och eng Roll bei de secondairen Impakter.

Wat bedeit dat alles fir den Index?

Ma am Mee war de Statec vun enger Indextranche am zweeten Trimester d'nächst Joer ausgaangen, also tëscht Abrëll a Juli. No der Tripartite gouf d'Previsioun ëm een Trimester no hanne geréckelt an dat bleift och elo esou.

Fir de Rappel: déi läscht Indextranche ass nach guer net laang hir an zwar am Juni. De Statec hat e puer Zenarien ausgerechent wéi den Iran-Krich op sengem Héichpunkt war an d'Tripartite virbereet gouf: am schlëmmste Fall hätt et kënnen dräi Indextranchen tëscht Juni 2026 a September 2027 ginn.

Am CSV-DP Koalitiounsaccord steet, datt wa méi ewéi eng Tranche bannent engem Joer erfale géif, eng Tripartite soll zesummekommen, fir Mesurë géint de Verloscht u Kafkraaft ze decidéieren an d'Kompetitivitéit vun de Betriber z'erhalen.

Dat schéngt an den aktuellen Ëmstänn net noutwendeg ze sinn.

De Statec bleift natierlech awer virsiichteg, well d'geopolitesch Lag ganz onsécher ass. Am Fall wou de Konflikt am Noen Osten nees eskaléiere géing an d'Energiepräisser nees géingen explodéieren ewéi am Fréijoer, ass eng Indextranchen nach virun Enn dës Joers méiglech.

Back to Top
CIM LOGO