
Méi wéi 60 Griewer wieren hei beschiedegt ginn. Op Nofro huet d'Gemeng eis confirméiert, datt virun allem Kräizer a Figuren aus Bronz geklaut goufen. Elo wier een amgaangen, sech en Iwwerbléck vun de Schied ze verschafen an déi betraffe Leit ze kontaktéieren.
Och eng Plainte bei der Police gouf deposéiert, dës huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Leit, déi mengen, datt se och Affer vun dësem Fall vu Vandalismus gi sinn, oder Hiweiser zu de méiglechen TäTer hunn, si gebieden, sech beim Policebüro vum Réiserbann ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000.