
Leit, déi beim Fonds du Logement eng Parkplaz lounen, kruten zum Deel de Loyer zolidd gehéicht, an eenzele Fäll bal verduebelt.
Dëst wier zeréckzeféieren op eng nei Tarifikatiounsgrille, déi 2020 festgehale gi wier. Beim Fong hätt ee festgestallt, datt ee mat de Loyere fir Parkplaze substantiell ënnert de Präisser vum Privatmarché géing leien.
Dat géing ënner anerem dorunner leien, datt déi genannt Loyere wärend Joren net ugepasst goufen.