
Den Organisatiounscomité vun der Plattform JIP hat sech jo driwwer geiergert, datt si mat den Organisateure vun de Corona-Demostratioune géinge gläichgestallt ginn. Si hätten nämlech d’selwecht wéi d’Organisateure vun de Manifestatioune géint d’Coronapolitik nëmmen de Korridor tëscht dem Glacis an der Place de l’Europe um Kierchbierg zougewise kritt. Doropshin hat d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert, den Tracé vun der Demonstratioun um Internationalen Dag vun de Fraerechter wier nach guer net definéiert.
D’Conseillere vun der LSAP an déi Lénk aus der Stater Oppositioun schwätze sech an deem Kader derfir aus, datt de Fraestreik den 8. Mäerz, wéi gefrot, tëscht der Stater Gare an dem Zentrum kann organiséiert ginn. D’Plattform JIF gëtt vun déi Lénk an de Femmes socialistes ënnerstëtzt.