Well d'Vertrauen an d'Politik ëmmer weider ofhëltLSAP lancéiert Campagne, fir "normal" Leit hir Meenung ze froen

Marc Hoscheid
Wärend zwee Deeg solle 60 Participanten iwwert d'Theeme Wunnen, Aarbecht, Santé an Ëmwelt diskutéieren.

D'LSAP wëll ee besseren Androck dovu kréien, wat d'Leit denken. Fir dat ze erreechen, huet déi gréissten Oppositiounspartei eng Campagne mam Numm "Sot eis, wou de Schong dréckt" lancéiert. Ma et soll net beim Nolauschtere bleiwen, mee d'Propose vun de Leit sollen och a konkreet Politik ëmgesat ginn

LSAP: "Sot eis wou de Schong dréckt" / Marc Hoscheid

Datt de Schong a Saache Vertrauen an d'Politik dréckt, do ass ee sech bei der LSAP sécher. Dat hätt déi rezent Versioun vun der Ëmfro POLINDEX aus dem leschte Joer gewisen, wéi de Co-Parteipresident Georges Engel erkläert:

"Zwee Drëttel, 67 Prozent, vun de Lëtzebuerger Bierger mengen, datt déi politesch Decideure wéineg oder guer net dorobber oppassen, wat d'Leit denken. Bei eise Bierger ouni déi Lëtzebuerger Nationalitéit sinn dat esouguer 71 Prozent."

Besonnesch grouss wier d'Mësstraue bei deene Jonken, vun deene just 26 Prozent soe géingen, datt d'Politik hinnen Hoffnung gëtt. Eng Konsequenz vun där Distanz wier, datt queesch uechter d'Welt Parteien, déi wäit riets stinn, un Zoulaf gewannen.

An et misst een als Politiker och zouginn, datt ee sech effektiv dacks an enger Zort Blos beweege géing, esou d'Co-Parteipresidentin Maxime Miltgen:

"Wa mir eis all Dag mat Politik beschäftegen, Dossiere liesen, an Aarbechtsgruppen diskutéieren, Debatten an der Chamber oder an der Partei féieren, da kucke mir mat der Zäit och duerch ee politesche Brëll op verschidden Theemen. Dat ass ganz normal, mee et ass genau dowéinst wichteg, sech ëmmer nees bewosst ze maachen, datt et nach ganz vill aner Brëller gëtt."

A fir ee méi kloren Androck dovun ze kréien, wéi Leit, déi net onbedéngt politesch aktiv oder mol net u Politik interesséiert sinn, op verschidden Theeme kucken, organiséiert d'LSAP zwee Deeg, op deenen iwwert d'Wunnen, d'Aarbecht, d'Santé an d'Ëmwelt diskutéiert gëtt. De Generalsekretär Sascha Pulli erkläert, wien do soll matmaachen:

"Konkreet gesäit dat sou aus, datt 60 Leit wäerten zesummekommen. Dat sinn 23 Net-Memberen, 23 Memberen, 7 Deputéiert a 7 Vertrieder vun der Parteileedung."

D'Participantë géingen zwar ausgeloust ginn, mee et géing een awer dorop oppassen, datt eng méiglechst breet Pallett u verschiddenen Altersgruppen, Beruffer, Geschlechter, Bildungsniveauen an Nationalitéite vertruede ass. D'Zil wier et, datt pro Theema zéng Recommandatiounen zeréckbehale ginn, also am ganze 40 Stéck, déi beim Ausschaffe vum LSAP-Programm fir d'Chamberwalen 2028 als Input dénge sollen. Woubäi um Enn wéi ëmmer ee Kongress dat lescht Wuert iwwert de Walprogramm wäert hunn.

Back to Top
CIM LOGO