Invité vun der Redaktioun (13. Mäerz) - Luc HeuschlingD'Uni ass an enger Kris, déi verschidde Facetten huet

Claude Zeimetz
E Freideg de Moien war d'Uni Lëtzebuerg Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Radio - Invité vun der Redaktioun: Luc Heuschling
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Uni ass an enger Kris, déi verschidde Facetten huet. Et geet ëm d’Aarbechtsrecht, mä d’Uni géif och deels net am Interêt vum Land schaffen, kritiséiert den Droitsprofesser vun der Uni Lëtzebuerg Luc Heuschling. De Verfassungsrechtler huet an engem oppene Bréif viru bal enger Woch zesumme mam Geschichtsprofesser Benoit Majerus, e “strukturelle Malaise” op der Uni.lu wéinst hirer ganz hierarchescher Funktiounsweis ugeprangert.

“Niche-Masteren”, déi net dem Besoin vum Land entspriechen

Am Interview huet de Luc Heuschling d’Situatioun op der Uni Lëtzebuerg direkt e puer mol als “Kris” beschriwwen. D’Uni wier “net op der Héicht vun deem wat d’Lëtzebuerger Gesellschaft fuerdere kéint”. Mä dat géif bis haut kee kritesch hannerfroen. An dat aus institutionelle Grënn.

Fir dat z’illustréieren huet den Droitsprofesser d’Beispill vun engem Master am Lëtzebuerger Droit genannt. Esou eng “hondsgewéinlech Formatioun” géif et nach ëmmer net op der Uni ginn, obwuel e grousse Manktem u gudde Juriste bestéing. D’Uni géif weider just zum Deel ganz spezifesch Masteren offréieren. Déi awer net wierklech de Besoine vum Lëtzebuerger Land entspriechen.

Et wieren zwar dräi Joer laang duerchaus och scho ganz konkret Iwwerleeungen a Richtung vun engem Master am Lëtzebuerger Droit gefouert ginn, sou de Luc Heuschling. Et hätt och e grousse Konsens ginn. Ma schlussendlech hätt d’Doyenne vum Droitsdepartement de Projet awer “vun haut op muer” refuséiert.

Mobbingfäll musse seriö geholl ginn

Den Droitsprofesser stéiert sech ausdrécklech och un der Aart a Weis, wéi d’Uni Lëtzebuerg probéiert huet, déi negativ Berichterstattung am Kär z’erstécken a Kritiker ëffentlech ze diskreditéieren. Et kéint een dach net vu virera soen, datt all Kriticken, déi an der Press zirkuléiert sinn, ouni Fundament wieren, huet hie sech e Freideg de Moien geiergert. A senger éischter Reaktioun hat de Rektorat d’Mobbingreprochen als “frustréiert Eenzelfäll” ofgedoen.

Wéi staark verbreet de Mobbing op der Uni ass, kéint hien haut zwar net soen, sou de Luc Heuschling. Tatsaach wier awer, datt et net nëmmen een oder zwee Fäll wieren. Verschidden Affäre wieren och viru Geriicht. Egal wéi, an do ass de Droitsprofesser formell, misst een dat seriö huelen.

De Problem läit bei der Struktur vun der Uni

An et misst een ee fir alle Mol verstoen, datt déi aarbechtsrechtlech Problemer op strukturell Dysfonctionnementer zréckzeféiere sinn. D’Struktur vun der Uni, sou wéi se am Unisgesetz verankert ass, wier de Problem. Dowéinst huet de Luc Heuschling a sengem Meenungsbäitrag mam Historiker Benoit Majerus och gefuerdert, d’Unisgesetz an d’Gouvernance missten op de Leescht geholl ginn.

Datt sech net méi Proffen trauen, ëffentlech d’Problemer op der Uni.lu ze denoncéieren, féiert de Luc Heuschling op déi prekär Aarbechtskonditiounen zréck, deene besonnesch jonk Professeren ausgesat sinn. Och dat wier strukturell begrënnt. A Frankräich hätt ee beispillsweis vill méi juristesch Protektioun wéi zu Lëtzebuerg als Prof.

“Mir brauchen de Support vun der Politik”

Fir eppes ze änneren, misst d’Regierung de Lead huelen. An net waarde bis d’Resultater vum externen Audit virleien, huet de Luc Heuschling op der Antenn gefuerdert. Prinzipiell wier d’Politik an der Vergaangenheet op alle Fall ganz sensibel a Froe gewiescht, déi d’Unisgesetz betreffen.

De Mëtteg hunn déi zwee Professeren Heuschling a Majerus och eng Entrevue mam Recteur Jens Kreisel.

D’Decisiounsprozesser vun der Uni Lëtzebuerg

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO