KI-DëschOpportunitéiten huelen, mee net naiv sinn

François Aulner
Pierre Jans
D’kënschtlech Intelligenz huet an hirer technologescher Entwécklung eréischt ugefaangen. Fir ze kucken, ewéi d’Land d’Opportunitéiten dovunner ka notzen an Nieweneffekter antizipéieren a begleeden, war e sougenannte "KI-Dësch".
KI-Dësch um Sennenger Schlass
Fir ze kucken, ewéi d’Land d’Opportunitéiten dovunner ka notzen an Nieweneffekter antizipéieren a begleeden, war en Donneschdeg e sougenannte “KI-Dësch”.

De Premier, siwe Ministeren an eng Rei Beamten ware mat de Gewerkschaften an dem Patronat am Sennenger Schlass beieneen.

De Premier Luc Frieden war “ganz frou”, d’Sozialpartner beienee gehat ze hunn. “Ganz frou och, datt ee sech an der Analys eens wier, datt d’KI jidderee betrëfft. Den Direkter vum Statec Tom Haas hätt och eng “formidabel” Presentatioun gemaach. “D’Aktivitéit vun 90% vun den Aarbechter kéint evoluéieren”, heescht et vum nationale Statistik-Institut. De Luc Frieden betount, datt dat net bedeit, datt Plaze verschwannen, mee “impaktéiert” wieren.

Hien huet sech nees als Optimist bezeechent. D’KI kéint eng positiv Entwécklung sinn, mee et dierf een “net naiv” sinn an do wou Risiken sinn, d’Leit “mathuelen”. Dowéinst wier d’Sensibiliséierung wichteg an d’Formatioun, déi warscheinlech misst “intensivéiert” ginn.

Patronat a Gewerkschaften gesinn ënnerschiddlech Risiken

D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB gesäit Opportunitéiten, mee eben och Risiken. Se huet e ganze Programm präsentéiert, sou d’Presidentin vum OGBL Nora Back. Fir datt d’KI zum Beispill net kann ausgenotzt ginn, fir Personal oder hir Emissiounen z’iwwerwaachen. Virun allem awer rëm d’Fro vun den Aarbechtsplazen: et géing drëm goen, z’antizipéieren, fir datt et net zu Plazenofbau ewéi rezent bei Amazon kënnt oder nach betribsintern Transformatiounen opzefänken.

D’Patronat war mat enger ganzer Rëtsch Beruffskammere present a fir si huet huet de Vizepresident vun der Chambre de Commerce, de Marc Lauer geschwat. Hien huet fonnt, datt jidderee sech iwwert déi grouss Ausriichtungen eens wier, mee huet zouginn, datt et Divergenzen gëtt. Konkret sot hie just beim Ofweien vun den Risiken. Fir d’Patronat wier eng Suerg éischter déi, datt Lëtzebuerg “ganz kleng ass” a riskéiere géing, net mat grousse Länner oder Betriber kënne matzehalen. Dofir géing eng Etude gemaach ginn fir séier op e Plan d’action auszelafen.

Déi verschidde Gremien ewéi de permanente Beschäftegungscomité oder nach divers héisch Comitéen, déi et scho ginn, wäerte sech weider mat der Matière beschäftegen. Um KI-Dësch goufe keng konkret Mesuren oder Annoncen genannt, mee dat wier och net d’Zil gewiescht. De Luc Frieden sot et wier e Prozess. Déi nächst Joren géing sech nach villes transforméieren.

Sozialdialog nach ëmmer net zu Dräi

Net frou war d’Nora Back, datt d’Union des entreprises an hire President Michel Reckinger net do waren. Ob si da bereet ass, bei den aneren Diskussioune iwwert de Mindestloun, zum Beispill mam Patronat, un engem Dësch ze setzen, wollt si nach net soen: dat géing dovunner ofhänken wat den Aarbechtsminister op den Dësch leet.

Back to Top
CIM LOGO