Reproche vun "onpassende Messagen"FLF trennt sech vum Dan Santos, Trainer vun der Dammen-Nationalekipp

Jeff Kettenmeyer
D'FLF huet en Donneschdeg am Nomëtteg hir Decisioun an engem Schreiwes matgedeelt.
© RTL Archiv

D‘FLF huet de Kontrakt vum Dammen-Nationaltrainer Dan Santos mat “Effet immédiat“ opgeléist. Et géife grave Reproche géint den Nationaltrainer ginn, déi un de Conseil d‘Administration eru gedroe goufen. An engem Communiqué schreift d‘Federatioun, datt den Dan Santos “onpassend Messagen” u verschidde Spillerinnen aus der Selektioun adresséiert hätt.

“Dëst Behuelen, dat am Kader vun enger Autoritéits- a Responsabilitéitsbezéiung stoung, widdersprécht den ethesche Wäerter an dem Kader vu Respekt, deen d’FLF verlaangt”, heescht et am Schreiwes. D’FLF hätt reagéiert, esoubal ee vun de Virwërf gewuer gi wier, fir d’Spillerinnen ze schützen an d’Integritéit vum sportlechen Ëmfeld ze erhalen.

Op RTL-Nofro hin huet d’Lëtzebuerger Futtballfederatioun eis gesot, datt si den Ament keng weider Aussoen zu dësem Fall géife maachen. Den Dan Santos gouf vun der Redaktioun fir eng Stellungnam kontaktéiert, ma huet sech bis ewell nach net geäussert.

Hei de Communiqué vun der FLF als PDF!

Back to Top
CIM LOGO