
Dës Woch ass iwwer eng Petitioun an der Chamber debattéiert ginn an eng weider krut déi néideg Ënnerschrëfte beieneen. Dëse Freideg ginn 33 nei Petitiounen um Internetsite vun der Chamber online.
Et geet wéi gewinnt bei de Fuerderunge queesch duerch de Gaart: eng national Äntwert op d'Logementskris gëtt z.B. gefuerdert. Alkohol soll eréischt vun 18 Joer u verkaf dierfe ginn.
Elektroautoen sollen och op der Co-Voituragespist dierfe fueren. Méi streng Reegelen an eng Alterslimitt vu 14 oder 16 Joer fir E-Trottinette soll agefouert ginn. D'Schantercher solle besser koordinéiert ginn. Et solle manner Aarbechtsplaze geschafe ginn.
Gratis Tëlee am Spidol gëtt gefuerdert. KI-Brëller mat deenen ee Leit ka filmen oder fotograféieren sollen an der Ëffentlechkeet verbuede ginn.
D'Versteierung vun der Plus-Value op Aktie soll net vu 6 op 12 Méint erop goen. Fir en Tour de Luxembourg ouni Verkéierschaos oder guer net méi, gëtt sech staark gemaach.
D'Petitioune sinn nach bis den 3. Dezember online.
Kommen op d'mannst 5.500 Ënnerschrëfte beieneen, gëtt ëffentlech an der Chamber iwwer d'Uleies diskutéiert.