RBE offlineLuef vun der CSV, Kritik vun déi Lénk a Journalistenassociatioun

Fanny Kinsch
"D'Sam Tanson schéckt d'Transparenz zréck an d'Steenzäit", esou ass e Communiqué vun der Journalistenassociatioun ALJP e Mëttwoch iwwerschriwwen.
© RTL-Archiv

Hannergrond ass d’Decisioun en Dënschdeg vum Europäesche Geriichtshaff, datt de sougenannten RBE, de Regëster mat den effektive Beneficiairë vu Gesellschaften, deen an der EU-Direktiv géint d’Geldwäsch virgesinn ass, net soll fir de grousse Public zougänglech sinn. D’Journalistenassociatioun bedauert dat, awer och d’Decisioun vun der Justizministesch, fir den RBE direkt onzougänglech ze maachen.

D’Ministesch war de Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun, fir den Deputéierten Explikatiounen zum Thema ze ginn. Nom Urteel wier laang iwwerluecht ginn, wéi de Justizministère sollt reagéieren. Et hätt een dunn decidéiert, den Accès temporär zouzemaachen, well festgestallt gi wier, datt disproportionell géing an d’Privatsphär agegraff gi par rapport zum Zil, also dem Anti-Blanchiment. D’Autoritéiten hätten nach ëmmer Accès an elo géing dru geschafft ginn, fir deene groussen Acteuren, déi vun de Reegele vum Anti-Blanchiment betraff sinn, nees Accès ze ginn, grad wéi deene Professionellen, déi Obligatiounen an deem Beräich hunn, esou d’Sam Tanson, an dann och de Journalisten an der Zivilgesellschaft.

D’Sam Tanson

Elo stellt sech natierlech dann d’Fro, firwat waart der net op d’Europäesch Kommissioun. D’Europäesch Kommissioun huet hei eigentlech 2 Optiounen. Déi eng ass déi, dass se näischt mécht, dass se de Memberstaate seet, d’Urteel ass relativ kloer, setzt dat wannechgelift ëm. An déi 2. ass déi, dass se eppes mécht, dat wësse mer à ce stade nach net. Do wäerte mer elo an den nächsten Deeg Kontakter sichen a kucken erauszefannen, a wéi eng Richtung, datt dat geet. Wann ech elo net d’Certitude kréien, dass mer hei ganz séier eng europäesch Propositioun kréien, wéi mer kënnen den Accès fir d’Société civile an d’Journaliste kloer reegelen, da wäert ech och sou séier wéi méiglech en Text erëm op den Instanzewee ginn.

D’CSV ass zefridde mam Urteel, awer och mat der séierer Reaktioun vun der Justizministesch Sam Tanson, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

De Laurent Mosar

Hei ass festgestallt ginn, datt den RBE mat deem Accès, deen e bis elo hat, a sech eng Intrusioun an d’Privatliewe vu ville Leit duerstellt, déi net akzeptabel ass. An dat ass eigentlech eppes, dat ech als Mënsch, deen eng grouss Sensibilitéit fir Dateschutz a fir de Schutz vum Privatliewen huet, eigentlech begréisst.

Déi Lénk gesinn dat anescht - et wier e Réckschlag bei der Transparenz a bei der Rechenschaftsflicht notamment vu grousse Gesellschaften, esou d’Nathalie Oberweis.

D’Nathalie Oberweis

Dat eent ass d’Press an d’Société civile, déi elo fir en Zäitraum, wou mer net wëssen, keen Accès méi hunn op den RBE, wat mir extrem problematesch fannen. Mir kréien zwar elo hei verséchert, dass dat iergendwann eng Kéier erëm wäert de Fall sinn, mee mir wëssen net wéini. Dat ass deen éischte Problem, mee mir gesinn awer och, dass de Public large definitiv och en Urecht huet dorop.

D’Journalistenassociatioun ALJP schreift iwwerdeems, et hätt iwwerhaapt kee juristesche Grond ginn, fir den Accès op de Regëster direkt ze kappen. Aner Arrête vun der Cour, zum Beispill bei der Vorratsdatenspeicherung an a Saache vum Asylrecht, géing Lëtzebuerg en plus zanter Joren ignoréieren. D’Ministesch géing hei den Interessi vun der Finanzplaz priméiere loossen, zum Nodeel vun der Zivilgesellschaft an de Medien. D’Journalistenassociatioun fuerdert, datt den RBE direkt nees online soll gesat ginn.

D’Decisioun vun der Justizministesch géing weisen, datt et der Regierung manner wichteg wier, wann et ëm d’Donnéeë vun de Bierger geet wéi wann et ëm Leit geet, déi net wéilten, datt hinne finanziell op d’Fangere gekuckt gëtt. Hie géing verstoen, datt si Angscht hätt viru Plaintë vu Leit, déi net am RBE wëlle stoen, ma d’Sam Tanson hätt hei de Moment verpasst, fir ze weisen, datt si zu hirer Politik steet, seet de Generalsekretär vun der ALJP Luc Caregari am RTL-Interview.

De Luc Caregari

Firwat hu mer iwwerhaapt déi Transparenz, firwat hu mer iwwerhaapt déi europäesch Direktiv kritt, do ass Lëtzebuerg jo och net ganz onschëlleg drun, dat si Konsequenze gewiescht vu Skandaler wéi LuxLeaks oder wéi Kollaboratioune wéi Panama Papers, Pandora Papers a sou weider, déi et kloer gemaach hunn, datt mer méi eng grouss finanziell Transparenz brauchen an datt grad Lëtzebuerg elo als éischt erëm de Stecker zitt, ass e ganz schlecht Signal, dat och international ganz schlecht eriwwerkënnt.

De Luc Caregari erënnert drun, datt keng privat Adresse vun de Leit am Regëster stinn, ma just den Numm an d’Undeeler u Gesellschaften, wann déi iwwer 25 Prozent leien. An anere Länner géing dat scho bei 1 Prozent ufänken.

D’Decisioun fir den RBE net méi zougänglech ze maachen, iert eng Alternativ do ass, wier katastrophal fir d’Journalisten, ma se hätt och wirtschaftlech Konsequenze mat zum Beispill enger Finanzplaz, déi elo hir Due diligence net méi kéint maachen.

Back to Top
CIM LOGO