SyvicolLuewenswäert, datt den ukrainesche Flüchtlinge gehollef gëtt

RTL Lëtzebuerg
Säin Doheem verloossen ass sécher een Trauma, wann een et muss maachen, well Krich ass.
© Archivblid

Lëtzebuerg probéiert ze hëllefen, op staatlechem, kommunalem a privatem Plang. Fir de President vum Gemengesyndikat, den Emile Eicher, ass et luewenswäert, dass den ukrainesche Flüchtlinge gehollef gëtt. Et misst een awer op e puer Facteuren oppassen.

“Et ass ganz ënnerschiddlech vu Gemeng zu Gemeng. Et sinn och vill Privatleit, déi Leit ophuelen. Déi musse sech onbedéngt enregistréiere loossen, soss komme se net an de Genoss vum Sozialsystem.”

Et dierft een d’Laascht net eleng op de Schëllere vun de Gemenge loossen. De Staat misst scho geziilt mathëllefen: “Eng vum Staat organiséiert Koordinatioun ass wichteg, och mat Leit vu baussen.”

Et misst och e staatleche Suivi garantéiert ginn, esou den Emile Eicher. “De Staat musse de Suivi vun de Leit organiséieren. Déi meescht Gemengen hunn déi Kapazitéit net, zum Beispill bei de Strukturen. Dofir brauch ee Leit och an Zesummenaarbecht mat deenen Organisatiounen, déi vill gehollef an Erfarung hunn.”

Iwwerhaapt emol hëllefen a wann dann effikass hëllefen. Ee gudden Usaz.

Back to Top
CIM LOGO