Luxembourg Urban GardenLuga: 2023 séien, 2025 eranhuelen

Anne Wolff
Monique Kater
Semer en 2023, récolter en 2025, sou ëmschreiwen d'Stad Lëtzebuerg an de Landwirtschaftsminister Romain Schneider de Report vun der Luga vun 2023 op 2025.
Luga: 2023 séien, 2025 eranhuelen
Semer en 2023, récolter en 2025, sou ëmschreiwen d’Stad Lëtzebuerg an de Landwirtschaftsminister Romain Schneider de Report vun der Luga vun 2023 op 2025.

Gaardenausstellung Luga eréischt 2025 / Rep. Anne Wolff

Ee Grond fir d’Verréckele vun der Gaardenexpo wier de Covid. Dowéinst hätt een déi geplangten Delaien net anhale kënnen, esou Landwirtschaftsminister Romain Schneider. Dobäi komm wier e Manktem u Material an Onkloerheete bei der Finanzéierung.

D’Ann Müller, Coordinatrice vun der Luga:

Et muss ee wëssen, dass d’ Materialkäschten, awer och d’Liewenskäschten an d’Salairen immens an d’Luucht gaange sinn, sou dass mir mat deenen 10 Millioune souwisou scho knapps gewiescht wieren. Dobäi muss ech soen, dass déi 10 Milliounen geduecht ware, fir de Projet ze geréieren, awer net, fir de Projet selwer ze bezuelen. Dat heescht, et war u sech als participative Projet geduecht, wou och d’Porteurs de Projet hir Sue géingen investéieren.“

Elo gëtt et en neie Masterplang, ma wéini dee soll presentéiert ginn, dorop wollt ee sech de Moien net esou richteg festleeën. Och wat genee virgesinn ass, gouf nach net devoiléiert. De Budget gouf awer op méi wéi dat Duebelt opgestockt; amplaz vun ufanks 10 Millioune sinn et der elo 22. Méi Budget, also och e méi nohaltege Projet?

De Romain Schneider:

Doriwwer raus huet d’Stad Lëtzebuerg jo och nach eng Rei vu Projeten, déi am Gaang sinn, ugeduecht ze ginn a wou och gekuckt gëtt, wéi eng Perennitéit een do kann dramaachen. Wann sech do eppes ergëtt, da wäert dat esou ëmgeswitcht ginn, dass dat net an de Budget vun der Luga fält, mee dass et awer an deem Kontext ka stattfannen

D’Lydie Polfer weist sech iwwerdeems optimistesch fir weider, méi durabel Projeten:

Ech denken do un dee ganz flotten Tunnel, deen ënnert der Stad geet. Doraus kéint een eppes méi Attraktives maachen. Wann een dat géing maachen, dat géing mengen ech awer de finanzielle Kader, deen elo virgesinn ass, sprengen“

Den Ament sinn am Kader vun der Gaardenexpo 2 vu 5 Projete laangfristeg ugeluecht: Déi geplangte Ferme Urbaine um Kierchbierg an d’Renaturéierung vun der Péitruss. Dës Chantiere sollen iwwerdeems 2023 fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO