
Op verschiddene Punkten hätt Lëtzebuerg wuel Fortschrëtter déi lescht Jore gemaach, gëtt de Charel Schmit zou, ma eng Partie Erausfuerderunge géifen et awer nach ëmmer ginn, notamment eng méi staark Sensibiliséierung vun alle Forme vu Gewalt vun deene Kanner kënnen Affer ginn. 30 Joer no der Ratifikatioun vun der Kannerrechtskonventioun géif et nach Nohuelbedarf ginn, wou d’Politik gefuerdert wier:
Nieft dem Triple A an der Wirtschaft mussen mer och en Triple A am Sozialen erreechen. Verschidde Kanner hunn et méi schwéier an hu bestëmmte Parcourse scho gemaach. Do muss de Staat seng Verantwortung iwwerhuelen an eng ambitiéis Politik fir d’Rechter vum Kand entwéckelen.
D’Präventioun wier e wichtege Volet. Dem Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher wier et deemno wichteg Schutzkonzepter ze hunn an de Schoulen, Maison-relaisen, mee och Fräizäit- a Sportorganisatiounen. En zweete Volet ass dee vun den Interventiounen, wou de Charel Schmit fir eng national Hotline plädéiert:
Wou Kanner a Jugendlecher sech kënne mellen. A mer brauchen eng direkt Prise en charge fir Affer vum éischten Dag un. Dat se eng sozial Begleedung kréien, a wa se mat der Justiz a Police a Kontakt kommen, och vum éischten Dag un den Zougang zu engem Kanneraffekot kréien.
Eng weider Erausfuerderung wier déi, datt d’pediatresch Versuergung verbessert gëtt an d’Kanner iwwer Land déi nämmlecht Qualitéit vu medezinescher Versuergung kënne kréien, huet de Charel Schmit nach betount.