Greco-RapportenLutte géint Korruptioun: Lëtzebuerg huet net all seng Hausaufgabe gemaach

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus zwee Rapporte vum Greco ervir, dem Group vu Staate géint Korruptioun vum Europarot.
© RTL Archivbild

Lëtzebuerg huet zanter Mäerz d'lescht Joer kee Fortschrëtt gemaach, sou de Greco, de Grupp vu Staaten géint Korruptioun an engem Tëschrapport, deen Enn Oktober ugeholl gouf. Hei handelt et sech ëm den Tëscherapport zu de Recommandatiounen am Zesummenhang mam Parlament, de Riichter an dem Parquet. Alles an allem wieren zanter 2013, 4 vun de 14 Recommandatiounen ëmgesat ginn, 9 awer net.

Op engem Punkt wier zu Lëtzebuerg souguer ee Réckschrëtt festgestallt ginn. De Greco hat recommandéiert, datt d'Onofhängegkeet an d'Objektivitéit vum Parquet gestäerkt gëtt. Dëst sollt duerch eng Ännerung an der Verfassung geschéien, mee wéinst der CSV gëtt et kee Konsens méi op där Fro.

Am zweete Rapport geet et ëm d'Integritéit vun der Regierung a vum repressiven Apparat. Hei stellt de Greco fest, datt een Drëttel vun de Recommandatiounen ëmgesat goufen. 10 wiere just deels ëmgesat ginn, 4 guer net. Begréisst gëtt, datt d'Deklaratioune vun Interessie vun Deputéierten agefouert goufen, allerdéngs wieren déi net genuch illustrativ, spezifesch a komplett. D'Relatioune mat Lobbyisten oder Interessekonflikter misste clarifiéiert ginn.

Begréisst gëtt d’Aféiere vun der "oppener Verwaltung", dat heescht, datt Bierger e Recht op en Zougank zu administrativen Dokumenter hunn. Och den neien Deontologieskodex fir Regierungsmembere vun 2019 wier gutt, mee de Greco freet, datt verschidden Avise vum Ethikcomité ëffentlech solle sinn.

Eng gutt Nott gëtt et fir d'Police an dat op e puer Punkten. Fir unzefänken d'Onofhängegkeet vun der Generalinspektioun vun der Police géigeniwwer der Police, déi per Gesetz elo verankert ass. Zefridde sinn d'Staate géint Korruptioun mam Deontologiecode fir Polizisten, deen Disziplinarstrofe virgesäit, fir de Fall, wou e Polizist e Kaddo géing unhuelen. Donieft begréisst de Greco d’Aféiere vun Identifikatiounsnummeren, sou datt ee Polizisten an Uniform kloer kéint identifizéieren.

Wat all d'Recommandatiounen ugeet, déi nach net oder just deels ëmgesat goufen, freet de Greco, datt Lëtzebuerg an deenen nächsten 18 Méint Fortschrëtter ka virweisen.

Back to Top
CIM LOGO