Problem mat Cargo-DierLuxair-Cliente bleiwen onerwaart méi laang zu Florenz

RTL Lëtzebuerg
E net-geplangten, verlängerten Openthalt zu Florenz haten eng 60 Luxair-Clienten.
© afp

Wëll et Probleemer mat der hënneschter Cargo-Dier vun engem Fliger gouf, huet de Retour-Vol vun der Toskana zréck op Lëtzebuerg e Sonndeg missten annuléiert ginn.

Well keng Ersatz-Maschinn d’Leit direkt konnt op Florenz siche kommen, fir se Heem ze rapatriéieren, goufen d’Passagéier op aner Vollen ëmgebucht, wat fir eenzel Leit zwou supplementär Nuechten an Italien mat sech bruecht huet.

En Deel vun de Passagéier goufen op Vollen e Méindeg gebucht, anerer kommen en Dënschdeg Heem.

D’Luxair preziséiert géintiwwer vun RTL awer, datt all d’Clienten adequat en charge geholl goufen an entspriechend och an Hotelle logéiert goufen. D’Q400-Luxair-Propeller-Maschinn gëtt iwwerdeem sur place gefléckt.

Back to Top
CIM LOGO