
Wéi d’"Tageblatt” mellt, ass e Méindeg eng Luxair-Maschinn, de Fluch LG5554, déi vun Oslo op Lëtzebuerg fléie sollt, zu Hamburg tëschegelant. Op Fotoen ass ze gesinn, datt eng Fënster vum Cockpit nawell zolidd beschiedegt ass. Wéi am “Tageblatt"-Artikel ze liesen ass, wieren d’Passagéier opgefuerdert ginn, sech unzestrécken, well een Turbulenzen erwaarde géing. Déi wieren zwar ausbliwwen, awer 20 Minutte méi spéit wier dunn annoncéiert ginn, datt ee wéinst engem technesche Problem tëschelande misst. D’Maschinn wier dann och ouni Problemer zu Hamburg gelant an d’Passagéier sinn erausgeklommen. Wärend verschiddener vun hinnen nach den Dag selwer weiderreese konnten, hunnn anerer eng Nuecht zu Hamburg misse verbréngen.
Op RTL-Nofro bei der Luxair heescht et, datt de Fliger wuel ee Vugel erwëscht hat. Esou Incidente géif et reegelméisseg ginn. Op alle Fall hätt zu kengem Ament eng Gefor fir d’Passagéier bestanen, et wier just déi éischt Schicht vun der Fënster gerass. Beim Fliger handelt et sech ëm eng De Havilland DHC-8, eng Maschinn mat zwee Moteuren, déi Plaz fir 76 Passagéier bitt.