Chef vun der Lëtzebuerger AirlineLuxair schreift nach ëmmer rout Zuelen

Roy Grotz
Doriwwer eraus leeft 2023 de Kollektivvertrag aus, deen d'Paie vun de Luxair-Mataarbechter agefruer hat.

“D’Situatioun ass aktuell komplizéiert bei der Luxair, mee an Europa ass dat keng Exceptioun” - sou erkläert et de Luxair-Direkter Gilles Feith.

Wéi de Luxair-Chef an engem Gespréich mam Paperjam seet, mécht hie sech Suerge fir d’Lëtzebuerger Airline, wëll een nach ëmmer géif rout Chiffere schreiwen. Datt d’nächst Joer de Kollektivvertrag ausleeft, wouranner d’Paien agefruer waren, léisst de Gilles Feith dacks net roueg schlofen.

Vum Personal géife Flexibilitéit an Engagement gefuerdert, besonnesch elo an der Vakanzesaison. Och wann ee wéilt nei Leit bei der Luxair astellen, sou wier dat net einfach seet de Gilles Feith. Deemno géif de Lëtzebuerger Sozialmodell net méi duergoen, fir Kandidaten an d’Land ze kréien.

Allemol géifen dem Luxair-Patron no vill Erausfuerderungen op d’Gesellschaft am Hierscht waarden. National wier allemol eng kollektiv Aktioun gefrot, fir d’Inflatioun ofzefiederen, sou de Gilles Feith.

D’CSV huet eng dréngend Reunioun vun der Chamberkommissioun fir Mobilitéit ugefrot, an där ee fuerdert, fir mam zoustännege Minister François Bausch iwwert d’Aarbechtskonditioune vum Luxair-Personal ze schwätzen. D’Problemer wiere bei Wäitem net geléist. Et géif allgemeng nach ëmmer net genuch Personal ginn, vill Leit géife feelen well si krank sinn, déi aner Mataarbechter missten entspriechend flexibel sinn an derbäi kéim och nach dass d’Héicht vun de Salairen aktuell agefruer wier.

Back to Top
CIM LOGO