Ausbau vun der KapazitéitLuxair wëllt hir Flott ëm zwee nei Fligeren erweideren

RTL Lëtzebuerg
Fir méi Passagéier transportéieren ze kënnen, huet déi Lëtzebuerger Fluchgesellschaft decidéiert, zäitno zwou zousätzlech Maschinnen unzeschafen.
© RTL/Archiv

D’Luxair schaaft zwee zousätzlech Fligeren un. Dee Punkt steet Ufank Mäerz um Ordre du jour vum Verwaltungsrot. RTL-Informatiounen no gëtt den Ament mam amerikanesche Constructeur Boeing op Héichtoure verhandelt, juristesch Detailer bleiwen nach ze klären.

Bei de Fligeren handelt et sech ëm zwou Boeinge vum Typ “737 -8", dat ass déi upgedate Versioun vum Typ “737 Max 8". Wärend et mat de Maschinne vum Typ “737 Max 8" an der Vergaangenheet deels massiv Sécherheetsproblemer gouf, sollen déi beim Typ “737 -8" behuewe sinn.

D’Uschafung ass allerdéngs net deen éischte Schrëtt vun der geplangter Erneierung vun der Flott, mee een Ausbau vun der aktueller Kapazitéit. Déi nei Maschinne bidde Plaz fir bis zu 200 Passagéier a kënnen däitlech méi grouss Distanzen zeréckleeë wéi de Virgängermodell. D’Fligere solle viraussiichtlech am Juni an am Juli geliwwert ginn. Et ass ee ganz populäre Fliger, deem seng nei Versioun zanter Januar 2021 an Europa zougelooss ass. Iwwer 2.400 Maschinne goufe bis elo bestallt respektiv ausgeliwwert.

Den Internetportal “aerotelegraph” hat e Méindeg geschriwwen, datt Verhandlunge mat Leasingsgesellschaften lafe géingen, déi Nouvelle hat d’"Lëtzebuerger Wort” mat Verweis op “aerotelegraph” en Dënschdeg iwwerholl.

Bei der Erneierung vun der Flott, déi méi spéit an Ugrëff geholl gëtt, soll d’Luxair net plangen, d’Maschinne vum Typ “De Havilland Dash 8" auszemusteren. Dat sougenannte Schaffpäerd vun der Fluchgesellschaft stéisst nämlech 30 Prozent manner Kerosin an domat och CO2 wéi een Jet vun där selwechter Gréisst.

Back to Top
CIM LOGO