
Hei kënnen si dann ënner anerem via Text- an Audiomessagë kommunizéieren oder Audio- a Video-Telefonater féieren. Iwwerdeems besteet d’Méiglechkeet, fir sech Fichieren oder e geographesche Standuert ze schécken.
An enger éischter Etapp si 25.000 Invitatiounen un d’Mataarbechter aus de verschiddene Ministèren an Administratiounen erausgaangen. Den Ament nach net cibléiert wieren déi ronn 12.000 Enseignanten, well do d’Situatioun nach méi komplex wier.
Am Géigesaz zu de bis elo genotzte Kommunikatiounsplattformen, hätt Luxchat4Gov e puer Virdeeler, virun allem wann et ëm d’Sécherheet vun den Donnéeë géing goen. Den Digitalisatiounsminister Marc Hansen:
“Éischtens gëtt déi App integral an Datenzenteren um Lëtzebuerger Territoire bedriwwen, d’Kommunikatioune sinn End-to-End verschlësselt. D’App ass gratis fir de Notzer an se ass och ouni Reklammen. D’Eegenschafte vun der Luxchat4Gov-App bidden dem ëffentleche Secteur e séchert Kommunikatiounsmëttel, andeems och d’Donnéeën, déi do zirkuléieren, protegéiert sinn. Mat der App garantéiert de Staat, dass absolut keen anere wéi de Benotzer vun der App an d’Leit mat deenen ee kommunizéiert d’Messagë liese kënnen an och keen Zougang zu den eventuellen Dateien huet. An der internationaler Diskussioun - an déi gëtt och reegelméisseg zu Lëtzebuerg gefouert - gëtt dacks iwwer eng national digital Souveränitéit geschwat punkto Date-Gestioun a fir déi ze garantéieren, ass dat hei e klore Virdeel, an aus deem Grond eraus, wollte mer dat als Staat maachen.”
D’Mataarbechter aus dem ëffentlechen Déngscht kënnen esouwuel um Handy, ewéi och um Computer op d’App zougräifen. D’Entwécklung vun der App huet tëscht 650.000-700.000 Euro kascht. Nieft Luxchat4Gov wäert et am Hierscht och eng App fir de Grand Public ginn, genannt Luxchat. Detailer heiriwwer sollen an den nächste Méint kommen.
