Kënschtlech Intelligenz am EnseignementLuxdidac nach bis en Donneschdeg am Forum Geesseknäppchen

RTL Lëtzebuerg
Eng Foire, déi d'Enseignantsgewerkschaften SNE a Feduse all Joers organiséieren a wou neit didaktescht Material fir den Enseignement virgestallt gëtt.

Soss war dëse Rendez-vous am September an d’Gewerkschaften hu vun der offizieller Ouverture profitéiert, fir hir Revendicatioune kloer ze maachen.

Luxdidac / Reportage Dany Rasqué

Dëst Joer war dat anescht. Elo wou d’Rentrée syndicale nach wäit ewech ass, waren d’Rieden net kämpferesch, mä et gouf sech Gedanken iwwert d’Auswierkunge vun der kënschtlecher Intelligenz op den Enseignement gemaach. Déi digital Medie géifen d’Schoulen an d’Enseignante viru grouss Erausfuerderunge stellen, seet de President vum SNE, de Patrick Remakel. Chat GPT zum Beispill, kéint duerchaus eng wäertvoll Ergänzung am schoulesche Beräich sinn, déi allerdéngs och eng Rei Froe mat sech bréngt.

“D’kënschtlech Intelligenz bitt enorm vill Méiglechkeeten, vun deene mir bis ewell just dreeme konnten, mee si stellt de Bildungssystem awer zugläich viru komplett nei Erausfuerderungen. Wéi geet d’Schoul mat deem Phenomen ëm? Muss d’Schoul sech Gedanken ëm d’Gestaltung vum Unterrecht maachen? Wat sinn d’Auswierkungen op de Beruff vum Enseignant?”

U Revolutioune wéi déi kënschtlech Intelligenz muss een an den Ae vum Educatiounsminister Claude Meisch extrem nuancéiert erugoen. Et wier ni alles schlecht an och ni alles gutt. Wann d’Schoul sech mat der Zäit weiderentwéckelt, ginn et fir hien awer Basics, un deenen ee muss festhalen.

“Dat, wat de Mënsch haut ausmécht, mécht en och aus, well e liesen a schreiwe kann. Sou wéi d’Gehier vun all Erwuesse funktionéiert, funktionéiert et, well mer all a jonke Jore liesen a schreiwe geléiert hunn an domadder eist Gehier geformt hunn. (..) Wa mer elo géif soen, dat brauch d’Kand net méi, well d’Maschinn mécht et nach besser, da wiere mer aner Mënschen an den nächste Generatiounen an dat wier fir mech keen erstriewenswäert Zil.”

Perséinlech, seet de Claude Meisch, ass hien och dovunner iwwerzeegt, datt een nach méi op déi mënschlech Kompetenze vum Kand muss agoen an déi weiderentwéckelen.

Fir datt de Mënsch seng Plaz an der digitaler Welt behält a fir datt e Kompetenzen huet, déi net vu Maschinne kënnen ersat ginn. Virop Kreativitéit, kritescht denken, Zesummeschaffen a Kommunikatioun.

Back to Top
CIM LOGO