PäischtweekendLuxembourg City Tourist Office zitt positive Bilan

RTL Lëtzebuerg
Den LCTO weist sech zefridde mat den Besicherzuele vun deene leschte véier Deeg. Net manner wéi 1.805 Touristen hätten de Wee an d'Haaptstad fonnt.
© LCTO-Archiv

Am Verglach mam Joer 2019, wieren dat 86 Prozent vun där deemoleger Zuel, dat géing een optimistesch stëmmen. Déi meeschte Leit, déi sech beim LCTO renseignéiert hunn, koumen aus Däitschland, et waren dat 628 Persounen. Dono kommen d’Fransousen (268) , d’Hollänner (160), d’Belsch (88) an d’Lëtzebuerger (81). Méi wéi all 10. Visiteur koum net aus Europa.

Zanter hirer Reouverture sinn d’Péitruss-Kasematte rëm ganz beléift. Vum 26. op den 29. Mee waren all disponibel Plazen ausgebucht. Ronn 1.000 Persounen hunn op ee Guide zeréckgegraff. Den LCTO huet 53 Visites guidéeën organiséiert, 45 gouf et duerch Privatleit an et gouf 8 Visites en vente libre. D’Internetsäit vum LCTO gouf um Päischtweekend iwwerdeems 49.001 Mol ugeklickt, 15.979 koumen iwwert de Site luxembourgcity.com. Am Verglach mat 2019 wier dat eng Hausse ëm 55 Prozent.

Back to Top
CIM LOGO