
D’Pirate sinn am Kontakt mam Hydrolog selwer, wéi eis den Deputéierte Marc Goergen op Nofro hi sot. Un der Spëtzt vu Luxinnovation steet d’Sasha Baillie, Premier Conseiller de Gouvernement am Economiesministère. Och de Wirtschaftsminister Franz Fayot soll jo gehéiert ginn, fir erauszefannen, ob a wien Drock op den Doktorand zejoert gemaach huet, deen no senger Kritik um Héichwaasser-Management, zu senger Entloossung bei der Firma RSS Hydro gefouert hätt.
Den LSAP-Minister Franz Fayot sot sech e Mëttwoch schockéiert driwwer, datt säin Numm an deem Kontext genannt gouf. Hien hätt wëssentlech nach ni mam Jeff da Costa oder dem Direkter vun der Start-up RSS Hydro geschwat, bei där de jonke Mann zejoert am Stage war. Et wier och sécher keen Drock gemaach ginn. Och seng Beamten am Wirtschaftsministère hätten him verséchert , dass vun hinnen do guer keen Drock ausgeüübt gi wier, sou de Franz Fayot am RTL-Interview.
Et gëtt bis elo nach keen Datum, wéini déi verschidde Persounen an der Chamber gehéiert solle ginn. Warscheinlech awer d’nächst Woch. D’Piratepartei huet och gefrot, datt den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes an d’Chamber kënnt. D’Majoritéit hat d’Demande, fir den Hydrolog Jeff da Costa ze héieren, d’lescht Woch ofgewisen.
D’Sasha Baillie vu Luxinnovatioun reagéiert géintiwwer RTL um Donneschdeg iwwerrascht:
Ech sti selbstverständlech der Chamberskommissioun zur Verfügung. Ech kann awer elo scho kloer soen, dass ech perséinlech mat RSS Hydro kee Kontakt hat. RSS Hydro ass eng vun deene Start-ups, déi mir als Luxinnovation begleeden. Duerfir si meng Mataarbechter reegelméisseg mat der Firma a Kontakt. Mee zu kengem Moment ass iergendwellechen Drock ausgeüübt ginn.
No Kritik u Regierung: Kee politeschen Drock op Jeff Da Costa oder säi Patron, esou de Premier