Affär Jeff da CostaWirtschaftsminister Fayot dementéiert, Drock gemaach ze hunn

Carine Lemmer
D'Wirtschaftskommissioun misst der CSV no dréngend zesummekommen, fir sech nach emol mat der Entloossung vum Wëssenschaftler Jeff da Costa ze befaassen.

https://www.wort.lu/de/politik/et-war-net-keen-629f8c73de135b9236f563abAn engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vun e Mëttwoch kommen 3 anonym Zeien, 3 deemoleg Mataarbechter vun der Firma RSS Hydro zu Wuert, déi confirméieren, et wier politeschen Drock gemaach ginn, fir den Hydrolog no senger Kritik op RTL un der Gestioun vum Héichwaasser z’entloossen.

An zwar wier deen Drock vun der Regierung komm, notamment gëtt de Wirtschaftsminister Franz Fayot mam Numm genannt, sou wéi den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana a seng Partei LSAP.

De Franz Fayot léisst e Mëttwoch de Moien iwwer sozial Netzwierker wëssen an huet dat och méi spéit am RTL-Interview widderholl, datt hie weder den Här Jeff da Costa nach den Här Guy Schumann vun RSS Hydro perséinlech kennt. Ech sinn zimmlech geschockt, muss ech Iech éierlech soen. Ech kenne weder den Här Da Costa nach den Här Schumann. Ech hunn och wëssentlech nach ni mat deene Leit geschwat. An da ganz sécher net mat hinnen iwwer d’Iwwerschwemmunge geschwat, a scho guer keen Drock ausgeüübt. Net selwer. An ech kann Iech och soen, dass ech mat menge Beamten um Wirtschaftsministère geschwat hunn an déi mir och verséchert hunn, dass vun hinnen do guer keen Drock ausgeüübt ginn ass.

Extrait Franz Fayot (1)

De Wirtschaftsminister gouf e Mëttwoch vun der CSV an eng urgent Chamberwirtschaftskommissioun convoquéiert. Ech hu Respekt virum Parlament. Da ginn ech natierlech dohin. Ech wäert der Chamber awer näischt aneschters soen, wéi dat wat ech elo an de Mikro sot. Esou de Franz Fayot.

Extrait Franz Fayot (2)

D’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding, déi jo och fir d’Krisegestioun beim Héichwaasser mat responsabel ass, huet e Mëttwoch de Moien um Bord vun enger Pressekonferenz - op Nofro hin - och op déi neisten Informatioune reagéiert.

“Mir hate leschte Freideg eng Chamberkommissioun, wou ech mat der Ëmweltministesch invitéiert war, wou mer den Deputéierte Ried an Äntwert stoungen a wou mer och kloer Positioun dozou bezunn hunn. Ech hunn dat do elo an der Press matkritt, wéi Dir och. Den Här Fayot huet jo scho Stellung geholl an dementéiert, (...) politeschen Drock ausgeüübt (ze hunn) (...), dass en déi Persoun och net kennt. En huet do ganz kloer Stellung geholl a méi hunn ech elo dozou net ze soen.»

Extrait Taina Bofferding

Oppositiouns-Front an der Causa “Da Costa”

D’ADR seet an engem Schreiwes, datt et nom Fall vun engem franséische Fuerscher elo déi zweete Kéier wier, wou d’Regierung erwëscht gi wier, datt e Wëssenschaftler soll monddout gemaach ginn. Ee franséische Fuerscher hat iwwert d’Fuussejuegd geschriwwen. Wéi mat d’Regierung mat dëse Leit ëmgaange wier, bezeechent d’ADR als “knallhaart a récksiichtslos”, well a béide Fäll hätten d’Wëssenschaftler an hiren Analyse Recht gehat.

D’ADR fuerdert eng integral Opklärung vun allen Ëmstänn, déi zur Entloossung gefouert hunn a Konsequenzen fir Politiker, déi sech der Wëssenschafts-Behënnerung schëlleg gemaach hunn. Der Regierung gëtt e repressiven an anti-demokratesche Geescht reprochéiert.

Och d’Piraten hate sech an der Causa “Da Costa” zu Wuert gemellt an hu gefrot, datt sollt den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt an eng urgent Ëmwelt-Chamberkommissioun convoquéiert ginn.

De Wirtschaftsminister sengersäits gouf vun der CSV an eng urgent Chamberwirtschaftskommissioun convoquéiert.

Back to Top
CIM LOGO