
Den Online-Magasinn kritt eng nei Direktesch, d’Lynn Warken iwwerhëlt deemno de Poste vum Daniel Nepgen. Dat schreift de Lëtzebuerger Journal e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué.
Zanter 2021 ass déi fréier gedréckten Zeitung en digitale Magasinn. D’Lynn Warken war bis ewell Content-Direktesch beim Journal a wëll ënnert anerem d’Podcast-Produktioun méi ausbauen.
Den Daniel Nepgen wäert d’Zeitung net verloossen, heescht et am offizielle Schreiwes, mä Member vum Verwaltungsrot bleiwen.