Viru Geriicht gouf en Donneschdeg de Moie festgehalen, datt de Maître Lutgen den Untersuchungsriichter Felipe Rodriguez 2019 net ageschüchtert huet, andeems hie Mailen un d’Procureur général d’Etat an zwee Ministere geschriwwen huet, well hien d’Gefill hat, als Affekot an der Affär net gerecht behandelt ze ginn.
Hie gouf also viru Geriicht vum Virworf vun der Intimidatioun géint e Magistrat fräigesprach. An Appell goe wëll hien trotzdeem. Dat wéinst enger anerer Infraktioun, déi him am selwechte Prozess virgehäit ginn ass.
An dësem Punkt geet et ëm “Outrage à magistrat”, also “Beleidegung” vun engem Riichter. Hei gouf den André Lutgen zu enger Geldstrof vun 2.000 Euro verurteelt a muss der Partie civile, dem Untersuchungsriichter Felipe Rodriguez, e symboleschen Euro bezuelen.
Wéi een zu dësem Urteel steet, dozou den Affekot vum Maître André Lutgen, de François Prum: “D’Intimidatioun ass fort. Dat war déi Infraktioun, déi eis ganz Professioun esou opbruecht huet. Well wann de Parquet eis sou diktéiert hätt, wéi mer ze schaffen hunn, da wier dat extrem schlëmm gewiescht. Am Fong hu mer nämlech de libre choix vun de Moyenen, déi mer asetzen.”
Erliichterung op der enger Säit - ganz zefridden ass een awer trotzdeem net. Et hat ee mat engem Fräisproch op der ganzer Linn gerechent. “Eise But war bien evident, datt den André Lutgen op deenen 2 Punkte misst acquittéiert ginn. Do war den Tribunal awer anerer Meenung. Mir sinn der Meenung, datt hei keen “outrage à magistrat” ass. Lo musse mer nach eng Kéier driwwer schwätzen, mä ech ka mer net virstellen, dat en deen dote Volet akzeptéiert.”
Driwwer geschwat, hunn déi zwee da kuerz nom Prozess iwwer Telefon. Den André Lutgen war selwer net sur place, wat bei enger Urteelsverkënnegung net anormal ass. Net ganz laang huet d’Gespréich gedauert. Relativ séier war dem Ugekloten kloer, datt hie wäert géint d‘Urteel an Appell goen.