No Ëmfro "Urban Forestry"Mam Bus op déi nei Bambëscher Spillplaz

Monique Kater
Vu Mëtt Mee funktionéiert eng extra Busverbindung vun der Stad an de Bambësch.
Urban Forestry – Mäi Stater Bësch
Vu Mëtt Mee funktionéiert eng extra Busverbindung vun der Stad an de Bambësch. Dëst ass eng Konsequenz aus enger rezenter Ëmfro.

Dëst ass eng Konsequenz aus der Ëmfro “Urban Forestry – Mäi Stater Bësch” iwwer d’Erwaardungen un d’Stater Bëscher. D’Enquête ass eng Zesummenaarbecht vu Gemeng a Naturverwaltung an huet zum Beispill confirméiert, dass de Bambësch e ganz beléiften Noerhuelungsgebitt ass. En Highlight dëse Summer wäert d’Spillplaz ginn, déi komplett nei gemaach gëtt an am Mee nach soll opgoen.

Well d’Stater d’Gewunnecht hunn mam Auto dohin ze fueren, d’Parkplazen awer limitéiert sinn, kéim elo eben eng extra Busverbindung, erkläert de Stater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Eng Vëlosbréck vum Lampertsbierg aus iwwert de Rollengergronn, ugebonnen un de Lift, deen an de neie Quartier um Site vu Villeroy et Boch agebonne gëtt, wier ugeduecht an um Niveau vu Pré-Etüden.

Et wéilt een och e klenge Bësch-Guide erausginn, mat Reegelen, wat een am Bësch däerf a net däerf maachen, sou de Schäffe weider. D’Conclusioune vun der Ëmfro géingen donieft hëllefen, de Bësch an Zonen anzedeelen, wou een zum Beispill net dierf Mountain Bike fueren oder wou d’Päerd fir eng méi douce Bewirtschaftung laanscht d’Bëschweeër agesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO