Optakt vun der REEL zu München"Mam Studium fäerdeg an elo, Lëtzebuerg oder d'Welt?"

Christophe Hochard
Et si 4 Deeg wärend deene Studente mat Politik an Ekonomie a Kontakt kommen.
Optakt vun der REEL zu München
Et si 4 Deeg wärend deene Studente mat Politik an Ekonomie a Kontakt kommen.

Wéinst der Pandemie gouf d'lescht Joer d'REEL, d'Reunioun vu Lëtzebuerger Studente mat Leit aus Politik a Wirtschaft, net organiséiert. München war 2020 programméiert an dofir ass de Rendezvous dëst Joer dann och an der bayrescher Haaptstad.

"Mam Studium fäerdeg, an elo?" Eng Fro déi sech dacks vill Studente stellen an dohier och Thema op der REEL zu München. Bleiwen si éischter an deem Land, an deem si studéiert hunn oder geet et mam Diplom an der Täsch zréck op Lëtzebuerg.

De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché wär dynamesch a géif, mat Ausnam vum leschte Joer, tëscht 10.000 a 15.000 nei Plaze schafen. An déi wéilt een am léifste mat Lëtzebuerger besetzen.

Nei Cheffe vun Entreprisë ginn hei am Land och gebraucht a gesicht. Grond: 50 Prozent vun deene Leit op esou engem Poste wäre 55 a méi Joren al.

No Oochen 2019 gëtt d'REEL bis e Sonndeg zu München organiséiert. En Austausch mat der Wirtschaft an e politeschen Echange stinn ënnert anerem um Programm.

Ronn 120 Studenten huelen un der REEL zu München deel.

Back to Top
CIM LOGO