D’Carola Rackete war leschte Samschdeg mat hirem Schëff, wou 40 Migranten u Bord waren, onerlaabt an den Hafe vun Lampedusa gefuer, gouf du vun den italieneschen Autoritéite festgeholl an nees fräigelooss.
Virun e puer Deeg huet si Italien verlooss an ass elo wéinst Menacen op enger geheimer Plaz, bis si vun den italieneschen Autoritéite verhéiert gëtt.
D’Solidaritéit mam Carola Rackete an de Migranten ass den Ament grouss. Aus deem Grond war eng Protestaktioun vu ronn 40 Leit vun ONGen ewéi Seawatch a Laika, grad ewéi vu jonke politeschen Parteien.
Déi 40 Leit, déi bei der Protestaktioun matgemaach hunn, hu méi finanziell a materiell Ënnerstëtzung vun der EU gefuerdert. D’Schëff Seawatch 3 gouf wärend 2 Wochen ouni Ënnerstëtzung drun gehënnert an engem europäeschen Hafen unzeleeën an dat obwuel de Noutstand ausgeruff gouf. D’Arrestatioun vum Carola Rackete hat an enger Rei Länner fir hefteg Reaktioune gesuergt. D’ONGe an déi jonk politesch Parteie fuerdere weider, datt d’Flüchtlingsproblematik an Zukunft op europäeschem an nationalem Niveau besser gereegelt gëtt.