
D’Manifestatioune kréie kee méi strenge Sécherheetsdispositif an et gi keng méi haart Strofen agefouert, wann op Manifestatioune randaléiert géing ginn.
Den Inneminister Léon Gloden huet e Mëttwoch de Mëtteg an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert, datt hien den entspriechenden Avant Projet de Loi zeréckgezunn huet. Hien huet drun erënnert, datt d’Chamber viru fënnef Joer gefrot hat, d’Gesetz z’iwwerschaffen, nodeems Manifestante géint d’Covid-Restriktiounen e Chrëschtmaart an der Stad gestiermt haten.
Hien hätt antëscht mat de Parteien, de Gewerkschaften an aneren Organisatioune geschwat. Hie géing “keen Accord” spieren iwwert d’Modalitéiten an d’Opportunitéit vun neie Reegelen an hätt dowéinst decidéiert, datt dee Sujet elo “fäerdeg” wier.
D’Oppositiounsparteien hunn och effektiv begréisst, datt deen Avant-Projet zeréckgezu gëtt.