Op der ClairefontainesplazManiff fir Solidaritéit mat Israel

RTL Lëtzebuerg
De 7. Oktober huet déi radikalislamesch Hamas Israel iwwerraschend ugegraff. Et huet sech e Krich mat mëttlerweil iwwer dausend Doudesaffer entwéckelt.
© Domingos Oliveira

En Dënschdeg gouf bei enger Manifestatioun vum Consistoire israélite op der Clairefontainesplaz den Affer geduecht a Solidaritéit mam Staat Israel demonstréiert.

11/10/2023 BAND Manif Krich Noen Osten 07h30 (online)

Zum Schluss vun der Manifestatioun gouf déi israeelesch Nationalhymn gesongen. 150 bis 200 Leit hate sech zesummefonnt. Dorënner och de Guy Aach, fréiere President vum Consistoire israélite. Hien huet d’Attack vun der Hamas als kalbliddeg bezeechent. Datt Israel déi Responsabel zur Rechenschaft zéie wëllt, wier nozevollzéien, ma d’Gewalt misst awer och rëm op een Enn kommen:

“Am Moment ass et natierlech den Interêt vum Netanjahu a vu senger Regierung, hir Populatioun ze berouegen, mee si mussen awer och bedenken, datt 2,5 Millioune Palestinenser an deem Land wunnen, an datt een net egal wat mat deene ka maachen. Dat heescht, si mussen egal wéi och op ee Fridde kommen.”

Wann et zu esou Tëschefäll kënnt, ginn a ville Länner mat jiddesche Communautéiten d’Sécherheetsmesurë verstäerkt. Zu Lëtzebuerg wunne ronn 1.000 Judden. Et géing ee sech grondsätzlech sécher fillen, ma et misst een oppassen:

“Mir kennen am Fong zu Lëtzebuerg keng richteg Gefor. Mir hunn natierlech op eise Grenze staark Populatiounen, vu loosse mer soen aus dem Maghreb, déi zum Deel héich politiséiert sinn. Mir haten nach ni ee Problem hei, mee mir sinn och gutt protegéiert vun der Police. Wann eis Feierdeeg sinn, ass d’Police ëmmer do. Mir fillen eis zu Lëtzebuerg a Sécherheet, mee mir si virsiichteg.”

Déi israeelesch Ambassadrice fir d’Belsch a Lëtzebuerg, Idit Rosenzweig-Abu, huet iwwerdeems gefuerdert, datt Europa all d’Hëllefe fir d’Palestinenser astelle soll. Dat, fir datt déi palestinensesch Populatioun Drock op d’Hamas mécht.

Back to Top
CIM LOGO