
Den 18. Abrëll hunn e Mann an eng Fra op engem Bankomat zu Colmer-Bierg Suen opgehuewen. Kuerz drop gouf d'Kaart och nach eng Kéier am Outlet-Center zu Messancy an der Belsch benotzt.
Wien Informatiounen iwwert d'Täter huet, respektiv weess, wou dës sech ophalen, soll sech bei der Police vun Ettelbréck vum 244 84 1000 mellen.

Da warnt d'Police nach virun Trickdéiwen, déi uginn, Sue geierft ze hunn, déi si spende wëllen. Fir dës Spend awer ze maachen, brauche si Hëllef vun de potentiellen Affer. Si verspriechen hinnen, datt si fir hir Hëllef 10.000 Euro kréien. Fir datt si awer glafwierdeg sinn, mussen d'Affer eng gréisser Zomm Suen ophiewen an déi an e Kuerf maachen, deen d'Déiwen dann austauschen. Den eidele Kuerf kréien d'Affer dann zeréck a sollen dorobber oppassen, soulaang d'Täter an d'Kierch ginn, fir ze bieden. Aus der Kierch kommen d'Täter awer net méi zeréck.