
Wéi d’Police mellt, wier den Iwwerfall kuerz virun 22 Auer zu Uewerkuer geschitt. Zwee Männer haten de Mann attackéiert an him Boergeld a seng Auer geklaut. Éier d’Täter geflücht sinn, huet ee vun hinnen dem Mann an d’Gesiicht geschloen.
Eng Plainte gouf deposéiert an Ermëttlunge lancéiert.