Rebellioun zu LamadelaineMann attackéiert Fra a bäisst Polizist, Beamte gëtt vu Camion ëmgeheit

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 20 Auer gouf e Mann gemellt, dee randaléiert huet. D'Beamten hunn hien an der Rue des Prés lokaliséiert, nodeems en eng Fra attackéiert huet.

D'Beamte hate Schwieregkeeten de Mann ze berouegen. Hien huet ronderëm sech gebass. Ee Beamte gouf deen Ament vun engem Camion erfaasst an op de Buedem geheit. De Polizist koum an d'Spidol. De Mann gouf verhaft.

Back to Top
CIM LOGO