Gewalt zu WalferMann, deen a Kierch schlofe wollt, schléit aner Persoun mat Géigestand an d'Gesiicht

RTL Lëtzebuerg
Zu engem dann dach éischter ongewéinleche Virfall koum et en Donneschdeg am Nomëtteg an enger Kierch zu Walfer.
© RTL Archivbild

Kuerz no 16 Auer gouf der Police en Donneschdeg eng Ausernanersetzung tëscht zwee Männer an enger Kierch an der Rue de l'Eglise zu Walfer gemellt. Éischten Informatiounen no soll d'Affer e Mann, deen an der Kierch geschlof hat, opgefuerdert hunn, d'Gebai ze verloossen. Doropshin ass de Mann rose ginn an huet d'Affer mat engem Géigestand am Gesiicht blesséiert. D'Sich nom presuméierten Täter ass allerdéngs negativ verlaf.

En Donneschdeg géint 14:20 Auer gouf der Police eng Kläpperei an engem Zuch op der Stater Gare gemellt. E puer Persoune waren heiran involvéiert, heescht et am Bulletin vun der Police. Méi konkret soll et zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer jonk Erwuessener an engem Mann komm sinn, deen och am Gesiicht blesséiert gouf. Eng Sich no den Täter ass och hei negativ verlaf, d'Affer huet misse fir eng Kontroll an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO