
Géint 5 Auer e Sonndeg de Moien ass zu Weiler zum Tuer um Schlammestee en Auto engem Taxi hannendra gerannt an ass duerno einfach fortgefuer. Den Taxi ass dem schëllege Chauffer doropshi bis Heem nogefuer. Do huet d’Police dunn en Alkoholtest gemaach an de Mann war säi Permis lass. Géint 5.30 Auer e Sonndeg de Moien huet e Mann op der N26 bei Béiwen d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass am Gruef gelant. De Chauffer ass dunn zu Fouss a Richtung Duerf gaangen. Do huet d’Police en opgegraff, kontrolléiert an him de Permis ofgeholl.
Zu Schëffleng haten zwee Noperen sech e Samschdeg am Nomëtteg an d’Hoer kritt, well deen een sech um Balcon vun deem aneren erliichtert hat. Tëscht deenen zwee Noperen géif et schonn zanter méi laanger Zäit Sträit ginn, mellt d’Police.
Wéi d’Police d’Plainte opgeholl huet, huet den alkoholiséierten Noper ugefaangen, sech haart opzereegen, rassistesch Bemierkungen ze maachen an d’Policebeamten ze stoussen. De Mann ass du mat Handschellen an d’Ausniichterungszell bruecht ginn.