PoliceMann festgeholl wéinst Verstouss géint Drogen- an Immigratiounsgesetz

RTL Lëtzebuerg
Enger Patrull ass en Donneschdeg géint 20.35 Auer an der Bouneweger Strooss an der Stad e Mann opgefall, deen hinnen entgéint gelaf koum.
© RTL Archivbild

De Mann hat, nodeems en d'Polizisten erbléckst hat, d'Richtung gewiesselt a wollt sech ewech maachen. De Verdächtegen huet wärend senger Flucht onbekannte Géigestänn fortgeheit a konnt um Enn an der Avenue de la Liberté gestallt ginn.

D'Beamten hunn um Fluchtwee 11 Bulle Kokain opgeraf. Bei der Persounekontroll koum donieft eraus, dass de Mann sollt ausgewise ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Freideg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO