
Schonns den Dag virdru war et zu engem Sträit komm, wou och Gewalt am Spill war. Doropshin hat de Mann op Uerder vum Parquet d'gemeinsam Wunneng misse verloossen.
Op Neijoerschdag huet d'Fra hire Partner dunn zoufälleg ausserhalb vun der Wunneng getraff. Op en Neits koum et zum Straït, woubäi de Mann handgräiflech ginn ass. De Mann gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.