
Eng Fra huet ausgesot, dass si vun hirem Partner geschloe gouf. Op Uerder vum Parquet gouf hie verhaft a misst sech e Mëttwoch am Nomëtteg virum Untersuchungsriichter veräntwerten.
An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg sinn d'Beamte vun der Police wärend enger Patrulle op e Gefier opmierksam ginn, dat däitlech ze séier iwwert de Kierchbierg gefuer ass. D'blo Luuchten an d'Siren vun der Police hunn den Automobilist allerdéngs net dozou verleet, fir stoen ze bleiwen. Am Rond-Point Schuman gouf hien du vun der Police gestoppt.
Wéi sech erausgestallt huet, war de Mann net nëmmen ze séier ënnerwee, mä hien ass och ënner Alkoholafloss gefuer. En Alkoholtest huet erginn, datt den erlaabten Héchstwäert iwwerschratt gouf. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgesprach an de Chauffer huet de Führerschäi missen ofginn. Och béid Bäifuerer haten Alkohol gedronk.
Bannent de leschte Stonne goufen och eng Rëtsch Abréch gemellt. Dat zu Monnerech an der Rue de Kehl, zu Esch/Uelzecht an der Rue Jean-Pierre Michels an zu Hollerech an der Rue Raymond Poincare.