SchraassegMann hat Fra gewiergt a krut dowéinst Rendezvous beim Untersuchungsriichter

RTL Lëtzebuerg
Tëscht enger bestueter Koppel hat et zu Schraasseg e Sonndeg richteg gerabbelt.

D'Police gouf e Sonndeg op Schraasseg geruff. An enger privater Wunneng gouf et am fréie Sonndeg den Owend eng kierperlech Ausenanersetzung tëscht enger bestueter Koppel.

Wéi et am Police-Bulletin heescht, hätt de Mann d'Fra gewiergt. De Parquet huet dowéinst eng Verhaftung vun deem Mann ordonnéiert. Hien huet e Méindeg Rendezvous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO