Virolog Claude Muller erkläertMann huet no Impfung net genuch Antikierper - an elo?

Pit Everling
Trotz Impfung mat Johnson & Johnson goufe bei engem Mann vun der Musel net genuch Antikierper am Blutt nogewisen. Ma wat bedeit dat iwwerhaapt?
Mann huet no Impfung net genuch Antikierper - an elo?
Mir hu beim Virolog Claude Muller nogefrot, wat dat bedeit.

Wie geimpft ass, ass viru Corona souwäit geschützt. Fir erauszefannen, wéi vill Antikierper een huet, gëtt et Tester. E Mann vun der Musel huet awer op deem Punkt rezent net schlecht gestaunt. Bei sengem Antikierper-Test koum eraus, datt hien där net genuch hätt, trotz Impfung. De Pit Everling huet nogefrot, wat dat bedeit.

De Jacques Zeyen gouf de 15. Abrëll geimpft, hie krut de Vaccin vun Johnson & Johnson, bei deem jo just eng Dosis néideg ass. Rezent huet de Mann en Test maache gelooss, fir d'Antikierper ze moossen, a war nawell iwwerrascht, datt en där net all ze vill soll hunn:

Ënner 8 huet een net genuch Antikierper, bei iwwer 11 ass e valabel. Ech hunn 8,01. Do hunn ech mer natierlech d'Fro gestallt, ob meng Protektioun duergeet.

Déi Fro hu mer un de Virolog Claude Muller weider gereecht. Deen erkläert, datt d'Antikierper net dat eenzegt sinn, wat zielt. D'Immunäntwert vum Mënsch géing nämlech aus zwee Deeler bestoen:

Eng Kéier d'Antikierper an dann awer och déi zellulär Immunäntwert. Beim Antikierper-Test gi just d'Antikieper gemooss an net déi zellulär Immunäntwert. Si droen awer allen zwee zum Impfschutz bäi.

Et kann een also och duerch d'T-Zell-Immunitéit geschützt sinn. Dës ze moossen, wier allerdéngs schwiereg. Etüde géinge weisen, datt e gewësse Prozentsaz vun de Leit relativ schwaach op d'Impfung reagéieren. Bei eelere Persounen oder bei gewësse Krankheete kéint dat de Fall sinn. Wann een elo bei den Antikierper an enger Gro-Zon ass, da recommandéiert de Virolog Claude Muller als éischte Schratt mol e weideren Test.

Vläicht no engem Mount an zwar e Blutttest a keen 'dry blood spot', well dat manner empfindlech ass.

Net genuch Antikierper - an elo? / Rep. Pit Everling

De Professer Muller opposéiert sech fir sou Fäll och kenger weiderer Impfung: Datt een eng zousätzlech Méiglechkeet gëtt, fir sech impfen ze loossen, eng zweet bei Johnson & Johnson oder eng drëtt bei deenen aneren.

Op d'mannst an dësem Fall gesäit d'Santé dat anescht. De Jacques Zeyen krut vun där Santé geäntwert, datt ee kee Lien kéint maachen tëscht der Unzuel un Antikierper an dem Niveau vun der Protektioun.

D'Bildung vun Antikierper wier net deen eenzege Facteur, deen d'Protektioun géing beweisen. Ech soll mäi Kapp a Rou leeën a meng Vaccinatioun géing duergoen. Ech wier net eligibel, fir eng Boost-Dosis oder en zweete Vaccin ze kréien.

Säin Impf-Schema wier also komplett an eng zousätzlech Dosis wier aktuell just fir Leit, déi eng Immunschwächt hunn.
D'Santé sot RTL géintiwwer, datt a sou Fäll au cas par cas géing tranchéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO