Festnam zu EttelbréckMann probéiert, Ex-Partnerin mam Auto unzestoussen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt eng Festnam e Mëttwoch den Owend zu Ettelbréck. Ee Mann soll hei probéiert hunn, seng Ex-Partnerin mam Auto unzestoussen.
© Laurent Weber

E Mëttwoch géint 19 Auer war d'Police op Ettelbréck geruff ginn, well hei e Mann probéiert hätt, seng Ex-Partnerin mam Auto unzestoussen*.

Am Kader vun enger Sich konnt de Verdächtege vu Beamte gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

*An enger éischter Versioun hate mir vun iwwerrenne geschwat. An Ofsproch mat der Police hu mir den Terme awer relativéiert-

Back to Top
CIM LOGO