GeriichtMann kritt illegalen Trafic vu Migrante virgehäit

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Oktober 2015 a Mäerz 2017 soll hien ëmmer nees probéiert hunn, fir där Leit vu Frankräich oder der Belsch aus a Groussbritannien ze bréngen.
© AFP (Archiv)

Um Dikrecher Geriicht huet en Donneschdeg de Moien de Prozess géint e 46 Joer ale Mann ugefaangen, deem den illegalen Trafic vu Migrante virgehäit gëtt. Am Ganze ginn dem Mann 11 sou Tëschefäll reprochéiert, wourënner een ass, bei deem hie 15 Migranten an enger Kéier wollt op d'Insel schleisen.

Fir dëse Prozess sinn op d'mannst 4 Sëtzunge virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO