
De Sträit huet sech an der Géigend vum Imbiss am Parc Emile Mayrisch zougedroen. De Mann soll dobäi eent vun de Kanner op de Bak geschloen hunn an duerno dem Kand säi Vëlo mat engem Fousstrëtt beschiedegt hunn.
D’Police sicht an deem Kader elo no Zeien, fir d’Identitéit vum Mann feststellen ze kënnen. De Mann huet eng wäiss Hautfaarf an ass tëscht 40 a 50 Joer al. Der Police no hat hien en décke Bauch, an huet Franséisch, Portugisesch a gebrachent Lëtzebuergesch geschwat.
All Hiweiser an deem Fall si fir de Policebüro zu Diddeleng ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 69 1000 oder der E-Mail Police.DUDELANGE@police.etat.lu.