EttelbréckMann krut seng Kette vum Hals gerappt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf géint 16.30 Auer zu Ettelbréck op der Héicht vun der Place Marie-Adélaïde e Mann vun 3 Onbekannten iwwerfall.
© RTL Archivbild

Ee vun den Täter huet dem Mann d’Halskette vum Hals gerappt. Déi 3 Onbekannt hu sech dono duerch d’Bascht gemaach.

Wéi d’Police schreift, waren déi 3 Männer tëscht 18 an 22 Joer al an haten däischtert Gezei un. Den Täter, deen d’Kette geklaut huet, hat eng schwaarz Jackette un an eng Sacoche, fir ëm d’Schëller ze hänken.

Back to Top
CIM LOGO