Aus dem Police-BulletinMann mat Messer gemellt an Iwwerfall op der Kinnekswiss

RTL Lëtzebuerg
Nieft engem Mann mat engem illegale Messer zu Déifferdeng, gouf der Police en Iwwerfall op der Kinnekswiss gemellt, bei deem och e Messer am Spill war.

Nieft dem gemellte Messer hat de Mann zu Déifferdeng, dee kee menacéiert oder blesséiert huet, nach e weidert Messer bei sech. Am Kader vun de weideren Amtshandlunge konnten d’Polizisten iwwerdeems en Dolch an der Wunneng vum Mann fannen. Well hien ënnert Alkoholafloss stoung a fir sech an anerer eng Gefor duergestallt huet, huet hie missen eng Nuecht um Policebüro verbréngen. Doriwwer eraus krut de Mann eng Plainte wéinst dem Besëtz vun illegale Waffen.

Op der Kinnekswiss war e Mann géint 20.30 Auer vun dräi Männer beklaut ginn, déi hie mat engem Messer menacéiert hunn. D’Täter, déi tëscht 1.70 an 1.85 Meter grouss a schwaarz gekleet waren, si mat enger geklauter Auer a Boergeld a Richtung Zentrum geflücht. D’Sich no de presuméierten Täter war negativ verlaf.

Kläppereien uechter d’Land

An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg goufen dem 113 eng Rei Kläppereie gemellt. Bei deene meeschte waren déi bedeelegt Persounen alkoholiséiert.

Am Garer Quartier war enger Patrull vu Passante gemellt ginn, datt et eng Kläpperei tëscht enger Sans-abri an enger weiderer Fra géing ginn. Dës soll déi obdachlos Fra ouni Grond attackéiert hunn. Op der Plaz konnten d’Fra vun de Beamten ugetraff ginn. D’Sans-abri gouf vun de Rettungsdéngschter versuergt, huet awer refuséiert mat an d’Spidol ze fueren. Déi alkoholiséiert Täterin, déi och nach op der Plaz war, hat sech net kooperativ gewisen a koum an de Passagearrest.

Back to Top
CIM LOGO