Alternative SchoulmodellLëtzebuerg feiert 10 Joer ëffentlech Europaschoulen

Ryck Thill
Virun zéng Joer ass zu Déifferdeng déi éischt ëffentlech Europaschoul am Land opgaangen.
10 Joer ëffentlech Europaschoulen
Virun zéng Joer ass zu Déifferdeng déi éischt ëffentlech Europaschoul am Land opgaangen.

D’Schoul huet deemools mat 142 Schüler a 24 Enseignanten op zwee Sitten ugefaangen. Haut zielt een 2.450 Kanner a Jugendlecher an 260 Enseignanten.

“Wéi mer hei zu Déifferdeng wollten eng Secondairesschoul opmaachen, do hu mer ganz séier gemierkt, dass déi aktuell Offer vun der traditioneller Lëtzebuerger Schoul net richteg bei d’Populatioun hei passt, well einfach e ganze Koup Sproochen hei geschwat ginn a Kanner ganz séier an der Primärschoul d’Schlappe verluer hunn, well se einfach kee Lëtzebuergesch oder Däitsch verstanen hunn”, erënnert sech den Direkter Gérard Zens. “An do ass et no engem alternative Modell gesicht ginn an d’Europaschoule waren eeben e Modell, deen do dra gepasst huet.”

Landeswäit sinn aktuell 2.076 Schüler am Primär a 4.503 am Secondaire ageschriwwen. Si verdeele sech op sechs ëffentlech Europaschoulen. Dräi weider Sitte si geplangt, déi nächst Schoul soll zu Schëffleng opgoen.

D’Konzept mat verschiddene Sproochen zitt virun allem vill Famillje mat auslänneschem Hannergrond un. Nëmme 34 Prozent vun de Schüler si Lëtzebuerger. Am Ganze sinn 107 Nationalitéite vertrueden.

Um Lycée Gaston Thorn an der Stad war e Samschdeg den Dag vun den oppenen Dieren. Elteren a Schüler konnte sech iwwer den europäesche Schoulmodell informéieren. D’Aschreiwunge – ënner anerem fir d’7e – fänken hei méi fréi un, ewéi an de klassesche Lycéeën.

No der Inscriptioun ginn d’Kanner op en Interview invitéiert, erkläert d’Direktesch Jessy Medinger: “Dat ass awer kee Selektiounsverfaren. Mir kucke mam Schüler am Gespréich, firwat hie wëll hei hinner kommen. Mir kucken och, ob hien dee richtege Choix geholl huet, fir déi éischt Sprooch an déi zweet Sprooch. Ganz vill Schüler si sech nämlech do net ëmmer direkt sécher.”

De Moment ass de Lycée Gaston Thorn nach um Geesseknäppchen. E Neibau zu Stroossen, vis-à-vis vum CHL, ass geplangt.

Back to Top
CIM LOGO