Italieenesche Restaurant muss Numm wiesselenAus "Farinella" gëtt "Fari et Nella"

Christophe Hochard
Zanter bal 20 Joer gëtt et um Kierchbierg de Restaurant "La Farinella". Am Hierscht 2025 gouf de Proprietär gezwongen, den Numm ze changéieren.
Aus "Farinella" gëtt "Fari et Nella"
Zanter bal 20 Joer gëtt et um Kierchbierg de Restaurant “La Farinella”. Am Hierscht 2025 gouf de Proprietär gezwongen, den Numm ze changéieren

Aus dem Restaurant “La Farinella” ass op den 1.November 2025 de Restaurant “Fari et Nella” ginn. Am Dezember 2024 koum e Recommandé an d’Haus, deen de Besëtzer Vito Valentini aus de Schong geheit huet. “Après des transformations, nous avons reçu un recommandé d’une société italienne de Naples. Et il parait que cette société avait enregistré le nom ‘Farinella’ national et international”, sou de Vito Valentini.

Wéi ass d'italieenesch Societéit op de Restaurant opmierksam ginn?
Dem Vito Valentini läit et wuel un der Publicitéit op de soziale Medien.

Zanter Enn Februar 1989 schafft de Vito hei zu Lëtzebuerg an der Gastronomie. Am Januar 2008 huet den italieenesche Restaurant um Kierchbierg, net weit ewech vum Spidol, seng Dieren opgemaach. Wärend iwwer 17 Joer goufen et also keng Probleemer mam Numm “Farinella”. Kuerzfristeg huet de Patron missen op d’Klo reagéieren. “Mon avocat m’a recommandé justement de trouver une solution à l’amiable. C’est-à-dire de clôturer le site internet et de refaire un nouveau”, sou de Vito Valentini am RTL-Interview.

De Vito Valentini iwwert d'Käschten, déi wéinst der Numm-Ännerung ugefall sinn.
Eleng d’Käschte fir den Affekot an den neie Site géife sech op ronn 10.000 Euro belafen.

Zanter dem 21.November zejoert gëtt et elo den neien Internetsite. Den neien Numm vum Restaurant “Fari & Nella” gouf séier gebuer. Ausserdeem wollt de Proprietär vun der Pizzeria kee komplett neien Numm, fir d’Clienten net duercherneen ze bréngen. “Mon épouse s’appelle Nella”. Alors le problème était vite réglé”. “Fari” kennt vu “Farine”, also Miel. De fréieren Numm vum Restaurant “Farinella” ass eng Mask aus Italien.

Wou kënnt den Numm vum Restaurant ursprénglech hier?
D’Inspiratioun ass eng italieenesch Mask.

Nach ronn véier Joer muss de Vito Valentini schaffen, bis hie wärend 40 Joer an d’Pensiounskeess abezuelt huet. Motivéiert a couragéiert kuckt hien an d’Zukunft.

Back to Top
CIM LOGO