
Hien ass kuerz drop op der Ettelbrécker Gare festgeholl ginn. Wéi d’Police schreift, hat en am ganze véier Messer bei sech - zwee Kichemesser, en Täschemesser an en “Hackbeil”. Beim Tëschefall ass kee blesséiert ginn. De Mann hat op Uerder vum Parquet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
An der Stad gouf iwwerdeems e Mëttwoch am Nomëtteg dann nach ee presuméierten Drogendealer gepëtzt. Eng Policepatrull huet an der Rue de Strasbourg e verdächtege Mann kontrolléiert. Bei der Kontroll ass de Polizisten opgefall, datt de Mann eppes ofgeschléckt huet. Hie gouf doropshin op de Policebüro bruecht. Eng Ënnersichung mat engem Scanner huet gewisen, datt de Verdächtegen eng Rei Droge-Plomben am Kierper hat. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.